Talent.com
Cette offre d'emploi n'est pas disponible dans votre pays.
Aide-cuisinier (M / W / NB) - Maison Relais Rouspert / Mompech

Aide-cuisinier (M / W / NB) - Maison Relais Rouspert / Mompech

ARCUS asblArlon, BE
Il y a plus de 30 jours
Description de poste

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

Als Ekippemember vun der Kichen an der Maison Relais Rouspert / Mompech, bass du ee wichtegen Deel fir d‘Garantéiere vun engem ausgeglachene Mëttesiessen a klenge Molzechten an der Nomëttesstonn fir 280 Kanner. Als Kichenhëllef bass du fir den Transport vum Iessen op verschiddene Sitten, d'Opstelle vum Buffet, d‘Spullaarbechten an dem Entretien vum Kichenekipement zoustänneg.

Mir siche fir d’Kichen an der Maison Relais Rouspert / Mompech en

Aide-cuisinier (M / W / NB) - 17 Stonnen / Woch,

CDD (2 Joer)

Obligatoresch Ufuerderungen

Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom

Du hues d'HACCP Formatioun

Du hues eng Bereetschaft fir kierperlechusprochsvoll Tätegkeeten

Du hues ee Fürerschäin Klass B

Du hues eng selbststänneg a verantwortungsbewosst Aarbechtsweis

Du bass teamfäeg

Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen

Mir bidden

Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)

Créer une alerte emploi pour cette recherche

Maison • Arlon, BE