D’ Fondation Autisme Luxembourg engagéiert ee
Redakter / Chargé de communication (m / f / x)
am CDI, 40 Stonnen pro Woch.
fir hir Ekipp « Communication et Relations Publiques » zu Capellen ze verstäerken.
Referenz 2025.03.05 – 2-13-02
Är Aufgaben :
- Artikelen iwwer Aktualitéitssujeten am Zesummenhang mat Autismus schreiwen
- Pressecommuniquéë schreiwen
- Koordinatioun vun engem Périodique
- Redaktionnell Aarbechte fir all d’Informatiounssupporte vun deene verschiddene Servicer vun der FAL (Brochuren, Flyeren, Bréiwer, …)
- Gestioun vun der Internetsäit an vun der Online Präsenz vun der FAL
- Projeten an Events vun der FAL mat plangen a gestalten
Äre Profil :
Diplom am KommunikatiounsberäichErfarung am Beräich Journalismus ass vu VirdeelMaîtrise vun den 3 Landessproochen (Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch) a vum EngleschenOrganisatiounssënn, Flexibilitéit, Verantwortungsbewosstsinn, Grëndlechkeet, DynamismusKenntnisser an Indesign, Photoshop an IllustratorEkippegeescht a KooperatiounsfäegkeetInteressi um soziale Secteur an u senge ValeurenAll Kandidaturen, déi dësem Profil entspriechen, kréien eng Äntwert.
Well de Matarbeschter (m / f / x) op deene verschiddene Site schaffe wäert, biede mer Iech w.e.g. nëmmen ze postuléieren wann Dir mobil sidd.
Mir bidden :
Eng valorisant, autonom a verantwortungsvoll Aarbecht an engem sech ëmmer weiderentwéckelnde KontextEng agreabel Aarbechtsambiance an enger jonker, dynamescher EquipeEng zolidd Erfarung an enger gutt implantéierter Institutioun am Beräich vum Handicap, op nationalem an och internationalem Niveau (Member vun Autisme-Europe asbl, Don en Confiance asbl, Info-Handicap, …)Mir akzeptéieren och Stagiairen a Bénévolen.
Déi folgend Dokumenter sinn noutwendeg fir dass ären Dossier als komplett considéréiert gëtt :
Ø Curriculum vitae
Ø Lettre de motivation
Ø Diplom (an eventuell reconnaissance d’équivalence vum Diplom)
Ø Casier judiciaire (LUX : N°3 et 5 / BE : n° 595 et 596.2 / FR : n°3 / DE : Führungszeugnis)
Mir bieden Iech direkt op eisem Internetsite : www.fal.lu , der Rubrik “Employeur”, ze postuléieren».